script logo
Kooperatioun Bildung Logo

Eng gemeinsam Gestion vun den Dokumenter

Dokumenter deelen an Zougrëff  op de Kalenner kréien, fir gemeinsam Aktivitéiten ze plangen, gehéiert mat zu de wichtege Viraussetzunge vun enger funktionéierender Kooperatioun a Kommunikatioun. D'Schoulequippen hu fir dësen Zweck den Office 365 ze Verfügung gestallt krut. Domat och d'Equipe vun der Maison Relais am Kader vun der Kooperatioun an de Genoss vun dëser Notzung kënnt, brauch et just eng Umellung beim Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE).

Wann dir un dëser Offer interesséiert sidd, da mellt iech beim Martine Wiltzius: martine.wiltzius@men.lu oder via Telefon: 247-75195 fir dëse Prozess ze lancéieren.