script logo
Kooperatioun Bildung Logo

Nationalen Austauschdag zum Thema Kooperatioun

Ee schéinen Erfolleg war den éischten Austauschdag zum Thema Kooperatioun tëschent Grondschoulen a Maisons Relais, deen um Interêt an op der Participatioun vun den knapp 180 Participanten baséiert huet. 

De Reportage vun RTL huet d’Stëmmung vum Dag flott agefaangen; hei de Link fir all déi, déi de Beitrag nach net gesinn hunn: http://www.rtl.lu/letzebuerg/1171990.html

Op dësem Site kënnt dir ënnert der Rubrik "Kooperatioun an Aktioun" nach emol d’Informatiounen zu den verschiddenen Kooperatiounen vun den Equippen noliesen, déi  deen Dag an de Workshoppen present waren. 

An dem Zesummenhang invitéieren ech all Schoul-Maison Relais Equipe, hier gelieften Kooperatioun um Terrain um Internet Site virstellen, fir den Enseignanten an dem edukativem Personal uechtert Land ze weisen, wat et alles scho gëtt a wéi Kooperatioun ausgesinn kann. Et fänkt un mat klenge Gesten bis hin zu gemeinsamen Aktivitéiten, Reuniounen, Gespréicher am Alldag a villes méi … Ech géif mech freeën är gelieften Kooperatioun am Alldag kennen ze léieren fir se mat flotten Fotoen virzestellen; dobäi steet de wat wou a wéi a Virdergrond, Prozesser, (kleng) Schrëtt...

 

Wann dir Froen hutt ronderëm d’Thema Kooperatioun oder eng Begleedung braucht bei äre gemeinsame Schrëtt, da klappt gären zu all Moment bei mir un: martine.wiltzius@men.lu oder 247-75195